Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.986 Artikelen an 112 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … Naoero deen eenzege Memberstaat vun der UNO ass, dee keng Haaptstad huet?
- … hanner dem Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes eng Populatioun vu Sëlwerfëschelcher lieft, déi fir gewéinlech a Mëtteleuropa just a Wunnengen ze fanne sinn?
- … den Erdäpfelmuseum zu Prinzendorf an Éisträich zu Éiere vum lëtzebuergesche Geeschtleche Johann Eberhard Jungblut ugeluecht gouf, deen do 1761 d'Gromper agefouert huet?
- … d'Hélène Hiertz (1911-1985), déi di éischt Kächen zu Lëtzebuerg war, déi fir hire Restaurant e Michelin-Stär krut, eng aktiv Resistenzlerin war?
- … d'Pravčická brána an Nordtschechien déi gréisst natierlech Sandsteebréck an Europa ass?
Artikel vun der Woch

Den Uerdinger war en Autorail aus der Waggon-Fabrik Uerdingen, a vun deem et tëscht 1950 an 1971 am Ganze 1.492 Stéck, an zwou Baureien (VT 95 a VT 98) gebaut goufen. Dës liicht, zwee-achseg Gefierer sinn an den 1950er an Ufanks der 60er Joren och um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz gelaf.
Besonnesch bekannt war en op klenge Strecken an op der Atertlinn. Duerch säi kuerzen Achsenofstand vu 4,5 m sinn d'Schléi, déi beim Iwwerfuere vun de Schinneverbindungen entstane sinn, zimmlech direkt weidergeleet ginn, woufir den Uerdinger dacks Stuckeler vernannt gouf.
D'CFL huet 1951 10 VT 95 Autorailen an 10 VB-Remorquen a Betrib geholl, fir 8 Dampmaschinnen, 29 Persouneween an 8 Fourgonen z'ersetzen. Si kruten d'CFL-Nummeren Z 151 bis Z 160 an d'Remorquen Z 1051 bis Z 1060... > méi

Op engem 5. Oktober
- 1713: Gebuert vum franséische Schrëftsteller Denis Diderot.
- 1859: De Grondstee vun der Aler Bréck an der Stad Lëtzebuerg gëtt geluecht.
- 1908: Éisträich-Ungarn annektéiert Bosnien an Herzegowina.
- 1908: Bulgarien erkläert seng Onofhängegkeet vum Osmanesche Räich.

Václav Havel - 1926: De lëtzebuergesche Comiczeechner Gab Weis gëtt gebuer.
- 1936: Den tschechesche Schrëftsteller a Staatspresident Václav Havel kënnt op d'Welt.
- 1965: Doud vum lëtzebuergesche Sculpteur Claus Cito (Gëlle Fra).
- 1975: Gebuert vun der brittescher Schauspillerin Kate Winslet.
Kierzlech Verstuerwen

- 27. September: Bernard Verley, franséische Schauspiller.
- 24. September: Marina Vlady, franséisch Schauspillerin.
- 18. September: Richard Harrison, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. September: Ralf Richter, däitsche Schauspiller.
- 14. September: Catherine Ringer, franséisch Rockmusekerin a Sängerin.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
