Op den Inhalt sprangen

Naoero

Vu Wikipedia
Ripublik Naoero
(Republic of Naoero)
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
God's Will First
(Dem Gott säi Wëlle fir d'éischt)
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Nauruesch, Englesch
Haaptstad keng offiziell
Staatsform Republik
Staatsleedung
President vun Naoero David Adeang
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 21,0 km²
(193. Plaz)
Bevëlkerung 13.650 (2017)
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 31. Januar 1968
Nationalfeierdag 31. Januar
Nationalhymn Nauru Bwiema
Praktesch Informatiounen
Wärung Australeschen Dollar (AUD)
Zäitzon UTC +12
Internet-TLD .nr
Internationalen Telefonsprefix +674

D'Republik Naoero (virun 2026: Republik Nauru)[1] (nauruesch: Ripublik Naoero, Republic of Nauru) ass een Inselstaat am Pazifeschen Ozean. En huet 13.650 Awunner (Stand 2017)[2][3]. Naoero ass Member vun der UNO a vum Commonwealth. Naoero huet keng Haaptstad; de Regierungszentrum läit am Bezierk vun der gréisster Stad vum Land, Yaren.

Am Joer 2026 gouf den Numm vun Nauru op Naoero geännert. D'Regierung sot, datt domat den indigeenen Numm vun der Insel nees hiergestallt gouf an datt den neien Numm déi national Identitéit an dat kulturellt Ierwe reflektéiere géif. Als en Deel vun der Ännerung huet d'Regierung matgedeelt, datt hir Bierger dei-Naoero amplaz vun Nauruaner genannt ginn.[1]

Naoero ass eng Koralleninsel. Se kuckt 65 m héich aus dem Mier eraus. D'Land selwer huet just 21,3 km2 wougéint d'Mieresfläch ronn 180.000 km2 huet. D'Insel huet en Ëmfang vun 19 km.

Se läit ganz no beim Equator an huet en tropescht maritimt Klima.

Naoero gouf 1888 vun Däitschland kolonialiséiert a méi spéit vun Australien verwalt, ier et 1968 eng onofhängeg Republik gouf. An den 1970er Joren ass fir kuerz Zäit duerch den Ofbau vu Phosphat en enorme Räichtum op der Insel entstanen, ier dës Branche d'Baach of gaangen ass an de Staat an den 1990er quasi faillite war.

Haut gehéiert Naoero zu deene Länner op der Welt, déi am meeschte menacéiert sinn duerch de Mieresspigel dee wéinst dem Klimawandel an d'Luucht geet.

 Commons: Naoero – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (en) Why did Nauru change its name to Naoero? | Britannica. www.britannica.com. The Editors of Encyclopaedia Britannica (07.08.2026). Gekuckt den 09.08.2026.
  2. ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. ↑ https://data.worldbank.org/indicator/SP.POP.TOTL.