Catherine Ringer
| Catherine Ringer | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
18. Oktober 1957 Suresnes |
| Gestuerwen |
14. September 2026 Paräis |
| Alter | 68 Joer |
| Doudesursaach | Kriibs |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Singer-Songwriterin |
| Member vun | Les Rita Mitsouko |
| Auszeechnungen | Commandeur des Arts et des Lettres, Victoires de la Musique – Female artist of the year |
| Famill | |
| Bestuet mat | Fred Chichin |
| Kanner | Ginger Romàn, Raoul Chichin |
|
| |
D'Catherine Ringer, gebuer den 18. Oktober 1957 zu Suresnes am franséischen Departement Hauts-de-Seine, a gestuerwen de 14. September 2026[1], war eng Kënschtlerin, déi als Rocksängerin, Instrumentalistin a Pornomodel bekannt gouf.
Si ass d'Meedche vun engem Moler mat polneschen Originnen an enger Mamm, déi sech mat Architektur beschäftegt huet. Dat jonkt Catherine verléisst mat 13 Joer seng Famill, fir mat hirem Amant zesummenzeliewen. No engem kuerzen Openthalt an enger Universitéit fänkt hatt un, sech fir Theater, Danz a Gesank z'interesséieren.
1979 léiert si de Frédéric Chichin kennen, mat deem si vun 1980 bis zum Doud vum Chichin, 2007, als Les Rita Mitsouko opgetrueden ass, a mat Lidder wéi Andy, Marcia Baïla, C'est Comme ça a Les Histoires d'amour finissent mal (en général) grousse Succès hat.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Catherine Ringer – Biller, Videoen an Audiodateien |
