Op den Inhalt sprangen

HaaptsäitBléck/Archiver

Vu Wikipedia

Hei drënner ass d'chronologesch Lëscht vun de Biller, déi dëser Méint op der Haaptsäit ze gesi sinn oder waren. Si ginn duerch eng Schabloun, déi d'Wochenzuel an d'Joreszuel als Variabel huet, automatesch all méindes moies um 0:00 UCT frësch do agebaut. Aktuell ass dat z. B. d'Schabloun:Bléck 2026 42.

Et gëtt keng rigid Krittäre wat fir Biller do hi sollen, mä déi hei Punkten sollen eng Orientéierung bidden:

  • Qualitéit: d'Bild soll vu méiglechst gudder Qualitéit sinn, d. h. virzuchsweis eent, wat als "Quality Image", wann net souguer "Featured Picture" oder "Valued Picture" op Commons distinguéiert gouf;
  • Ofwiesslungsräichtum: D'Biller solle méiglechst wäitleefeg déi sëlleg enzyklopedesch Gebidder ofdecken, a vu Woch zu Woch eppes "total aneschters" weisen;
  • Bezuch op Artikel: Wann iergendwéi méiglech, soll d'Bild op en Artikel/op Artikelen zum Sujet verlinken, quitt datt deen Artikel virun der Publikatioun nach séier geschriwwe muss ginn;
  • All puer Wochen e spezifesch "lëtzebuergesche" Sujet: reegelméisseg soll ee Bild ausgesicht ginn, dat op dat verweist, wat dës Wikipedia vun aneren ënnerscheet: méiglechst genee Informatiounen mat Bezuch op Lëtzebuerg an op Lëtzebuergesch ze fannen.
  • Aktualitéitsbezuch: Bei Biller vu Persounen, Wierker oder Evenementer kann et nëtzlech sinn, dës fir déi Woch virzegesinn, an déi de Joresdag vun der Gebuert/vum Doud vun där Persoun oder dem Kënschtler, oder vum Evenement, fält, dat ëm sou méi bei 'ronne' Joren.

Hei ass d'Schabloun, fir déi eenzel Biller ze preparéieren: Schabloun:BléckBild.


Biller-Reserv fir méi spéit

[änneren | Quelltext änneren]

Dir hutt e flott Bild op Commons gesinn, oder eng Iddi fir eent zu engem lëtzebuergeschen Theema? > Drot et hei an <, sou datt se vun do no an no an d'Schablounen ënnendrënner agebaut kënne ginn.

Archiv
2005 - 2006 - 2007 - 2008 - 2009 - 2010 - 2011 - 2012 - 2013 - 2014 - 2015
2016 - 2017 - 2018 - 2019 - 2020 - 2021 - 2022 - 2023 - 2024 - 2025 - 2026 - 2027

… dräi Dänzerinne virun engem LED-Ecran.

… d'cheemescht Element Schwiewel (S).

… eng Affiche vun der Nationallotterie, vum Jemp Ker
(gestuerwen den 19. Juli viru 75 Joer).


… e Sekretär (Sagittarius serpentarius).

… eng Fra an Indien, déi Käerze fir e Liicht-Fest ufänkt.

… Jan Lucemburský v bitvě u Kresčaku
("De Jang de Blannen [gebuer den 10. August viru 730 Joer] an der Schluecht vu Crécy");
Tableau vun 1858 vum Viktor Barvitius (1834-1902).

… Heed an der Westruper Heide bei Haltern am See.

… d'Alhambra zu Granada.

… Matte vun uechter d'Welt; Biller gesammelt iwwer iNaturalist.


… München; d'Frauenkirche an d'Neit Stadhaus.

… de Waasserfall Múlafossur op de Färöer-Inselen



… d'Departement Finistère am Weste vun der Bretagne.

… d'Baitul Mukarram Nationalmoschee, zu Dhaka, am Bangladesch.


… zwee Schleeken op engem Champignon.

… dat fréiert Postgebai an der Stad Lëtzebuerg, um Hamilius, 2013, mat der Busgare virdrun
Architekt: Sosthène Weis.

… Zerstéierungen am Quartier El-Remal, zu Gaza-City, an der Gazasträif no israeelesche Loftattacken, den 9. Oktober 2023.
Gewënner vum Concours Wikimedia Commons Picture of the Year 2025.

… Impression, soleil levant vum Claude Monet
(gestuerwe virun 100 Joer, de 5. Dez. 1926.)

… e Scheema vun de Relatioune vu Familljememberen ënnereneen.

… d'Musel zu Bech-Maacher, vum réimesche Grafmonument aus.

… déi éischt Liichtstralen op de Sandsteen-Wänn am Upper Antelope Canyon, am Arizona.

… den Doum an den Schifen Tuerm vu Pisa.

… d' Insel Sorgu, am Arrondissement Pärnu, an Estland.
… d'Metzer Plaz an d'Nei Avenue, lénks: d'Spuerkeessgebai.

… eng Zeen aus dem Film Metropolis vum Fritz Lang,
dee virun 100 Joer, den 10. Januar 1927, seng Première hat.

… Zaldotenheesprénger (Chromacris speciosa).


…
Zuchbiljeeë vun ëm 1900 fir déi Strecke vun der Guillaume-Luxembourg, déi vun der däitscher Reichsbahn exploitéiert goufen.


… d'Kapell vun der Schnéi-Muttergottes zu Kacwin, an der Woiwodschaft Klengpolen.

… d'Schengener Schlass, gemoolt vum Victor Hugo
(gebuer virun 225 Joer, de 26. Februar 1802.

… Somkapsele vu Rackebrout (Heracleum sphondylium).

… Zeltdiecher vu Pilgere bei der Bishwa Ijtema, am Bangladesch.

… en Europäeschen Hamster (Cricetus cricetus).


… den Telekommunikatiounstuerm um Vodno, bei Skopje, an Nordmazedonien.

… Salzproduktioun zu Ninh Hòa, an der vietnameesescher Provënz Khánh Hòa.

… Monolith, the Face of Half Dome vum Ansel Adams
opgeholl virun 100 Joer, de 17. Abrëll 1927, am Yosemite-Nationalpark.


… eng gëlle Mënz mam Keeser Gratian drop (359-383);
fonnt zu Meechtem (haut am Nationalmusée um Fëschmaart).


… e Roude Séistär (Echinaster sepositus).

… d'Barock-Bibliothéik am Prager Clementinum.

… Dem Lot seng Duechteren. Mosaik (1995) vum Adolphe Deville,
gestuerwe viru 25 Joer, den 28. Mee 2002.

… Jamesse Flamingoen (Phoenicoparrus jamesi).



… den Tréierer Kurfürst Balduin vu Lëtzebuerg op der Musel, am Joer 1327
(aus dem Codex Balduini, 1341).

… Prčanj, an der Bucht vu Kotor.