Op den Inhalt sprangen

Cookinselen

Vu Wikipedia
Cookinselen
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Englesch, Rarotonganesch
Haaptstad Avarua
Koordinate vun der Haaptstad 15° 0’ 0’’ S
      161° 0’ 0’’ W
Staatsform Territoire a fräier Associatioun mat Néiséiland dee sech selwer verwalt
Staatsleedung
Monarch vun Neiséiland Charles III.
Premierminister vun de Cook-Inselen Mark Brown
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 240,0 km²
Bevëlkerung 14.222 (2023)
Geschicht a Staatssymboler
Nationalhymn God Save the King
Praktesch Informatiounen
Zäitzon UTC -10
Internet-TLD .ck
Internationalen Telefonsprefix +682

D'Cookinselen (englesch Cook Islands, rarotonganesch Kūki 'Āirani; och nach: Cook-Archipel, Mangaia-Archipel, Herveyinselen) sinn en onofhängegen Inselstaat an enger „fräier Associatioun mat Neiséiland“ an en Archipel am südleche Pazifik. Se hunn eng Fläch vun 236,7 km² a 14.987 Awunner (Stand 2021), vun deenen déi meescht zum Vollek vun de Cook Islands Māori gehéieren. D'Haaptstad Avarua läit op der Insel Rarotonga. D'Cookinsele sinn den éischte Staat an deem d'Fraen an d'Wale gaange sinn.

Déi zwou offiziell Sprooche vun de Cookinsele sinn Englesch an zënter 2003 och Rarotonganesch. Do dernieft gëtt och nach Pukapukanesch, Penrhyn a Rakahanga-Manihiki geschwat.

Territoire a Geographie

[änneren | Quelltext änneren]

D'Cookinsele bestinn aus 15 Insele mat enger Landfläch vun 236,7 km² déi sech an zwou Gruppen opdeelen.

  • d'südlech Grupp (an der Sprooch vun de Māori Te pa enua i raro nei) mat der Haaptinsel Rarotonga an den Insele resp. Inselgruppen Aitutaki, Atiu, Mangaia, Manuae, Mauke, Mitiaro, Palmerston an Takutea;
  • d'nërdlech Grupp (fréier och Manihikiinselen oder Roggeveen-Archipel; an der Sprooch vun de Māori Te pa enua tokerau) mat den Insele Manihiki, Nassau, Penrhyn, Pukapuka, Rakahanga a Suwarrow.

Bei den Inselen am Norden handelt et sech haaptsächlech ëm Atollen déi wéinst Koralleriffer schwéier zougänglech sinn. Déi aner Insele si vu vulkaneschem Urspronk a bis iwwer 600 Meter héich. Se hunn eng üppeg Vegetatioun mat ë. a. Kokospalmen, Broutbeem a Pisang.

 Commons: Cookinselen – Biller, Videoen an Audiodateien