Persesche Golf
De Persesche Golf (Persesch خلیج فارس, Arabesch: الخليج الفارسي) ass en Niewemier vum Indeschen Ozean tëscht der Arabescher Hallefinsel an dem Iran (fréier Persie genannt). En huet eng Uewerfläch vu ronn 233.000 km² an ass relativ flaach (gréisst Déift: zirka 100 m). En ass duerch d'Strooss vun Hormus mam Golf vum Oman a vun do mam Arabesche Mier, resp. dem Indeschen Ozean verbonnen. D'nordwestlecht Enn vum Golf ass vun der Mëndung vum Shatt al-Arab (Arvandrud) markéiert, dee ronn 195 km virdrun, beim Zesummelaf vum Euphrat an Tigris entsteet. Well relaiv wéineg Séisswaasser dra leeft, a relativ vill Waasser verdonst, ass de Salzgehalt mat zirka 4 % iwwerduerchschnëttlech héich.
D'Länner ronderëm de Persesche Golf sinn, dem Auerzär no: Oman, d'Vereenegt Arabesch Emirater, Saudi-Arabien, Katar, den Inselstaat Bahrain, Kuwait, den Irak an den Iran. D'Géigend ronderëm de Persesche Golf ass wéinst dem héije Pëtrolvirkommes vu grousser geopolitescher Bedeitung a war a rezenter Vergaangenheet den Theater vun dräi sougenannte Golfkricher.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Persesche Golf – Biller, Videoen an Audiodateien |