Op den Inhalt sprangen

Offiziell Sprooch

Vu Wikipedia

Eng offiziell Sprooch (op Däitsch Amtssprache) ass eng Sprooch, déi an engem Staat (oder engem Deel dovun) duerch d'Constitutioun als déi Sprooch definéiert ass, an där d'Gesetzer geschriwwe sinn, an an där de Staat a seng Verwaltunge mat de Bierger kommunizéieren.

Et gëtt Länner mat just enger offizieller Sprooch, mä vill hunn där méi wéi eng, Südafrika z. B. huet der eelef. Dacks hu Sproochen, déi vu Minoritéite geschwat ginn, net de Status vun enger offizieller Sprooch: A Frankräich z. B. heescht et am Artikel 2 vun der Constitutioun: "La langue de la République est le français", och wann et eng sëllege Regionalsproochen do gëtt. An anere Länner wéi z. B. a Spuenie gëtt et eng eenzeg offiziell Sprooch, wat d'Land betrëfft, mä verschidde Regiounen hunn "offiziell Sproochen", déi dat nëmmen do sinn, wéi z. B. Katalounesch a Katalounien. Da gëtt et nach Fäll wéi d'Belsch, déi zwar (als Land) 3 offiziell Sproochen huet; a Flandern awer ass d'Hollännesch déi eenzeg offiziell Sprooch, a Wallounien d'Franséisch, mat Ausnam vun der Däitschsproocheger Communautéit, wou et dat Däitscht an dat Franséischt sinn. An der Haaptstadregioun Bréissel si Franséisch an Hollännesch offiziell Sproochen.

Eng an déi selwecht Sprooch kann offiziell Sprooch a méi wéi engem Land sinn, se kann et awer och an engem Land sinn, an engem aneren net (wéi z. B. d'Baskescht a Frankräich).

D'Europäesch Unioun huet 24 offiziell Sproochen.

Zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng "offiziell" Sprooch: d'Lëtzebuerger Constitutioun proklaméiert d'Lëtzebuergesch als Landessprooch ("la langue du pays") a verweist op e Gesetz, wat de Gebrauch vu Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch betrëfft.[1]

Am Gesetz iwwer de Sproochegebrauch vun 1984[2] ginn d'Termen Nationalsprooch (am Bezuch op d'Lëtzebuergesch), Gesetzessprooch (am Bezuch op Franséisch) a Verwaltungssprooch(en) (Däitsch, Franséisch an "dans la mesure du possible", Lëtzebuergesch) gebraucht.

 Commons: Offiziell Sproochen – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Version consolidée applicable au 01/07/2023 [de la] Constitution du Grand-duché de Luxembourg. Art. 4 (1). legilux.public.lu.
  2. ↑ Gesetz vun 1984 Archivéiert de 16.02.2006. Gekuckt den 02.11.2007.