Op den Inhalt sprangen

Katalounesch

Vu Wikipedia
Katalounesch / Valencianesch
Català / Valencià
Gëtt geschwat an:
Regioun Europa
Gëtt geschwat vun: 7-10 Milliounen Leit
Klassifikatioun no Sproochfamill: Indoeuropäesch: Italesch > Romanesch > Gallo-Romanesch > Katalounesch
Offizielle Status
Reglementéiert vun: Institut d'Estudis Catalans, Acadèmia Valenciana de la Llengua
Sproochcoden
ISO 639-2 cat
ISO 639-3 cat

Katalounesch (català) ass eng romanesch Sprooch. Et ass déi offiziell Sprooch vun Andorra a vun dräi autonome Gemeinschaften a Spuenien: Katalounien, Valencia an de Baleareschen Inselen. Donieft gëtt Katalounesch och nach am Oste vun Aragonien (Franja d'Aragó) an am Nordoste vun der autonomer Gemeinschaft Murcia (Carche), an der sardinescher Stad Alghero an am franséischen Departement Pyrénées-Orientales (heiansdo Nordkatalounien genannt) geschwat.[1][2]

An der Regioun Valencia gëtt d'Sprooch als Valencianesch oder Valenzianesch (valencià) bezeechent. Déi katalouneschsproocheg Gebidder ginn dacks Països Catalans (katalounesch Länner) genannt.[2]

Schätzungen no kënnen tëscht 7 an 10 Millioune Persoune Katalounesch schwätzen.[3][4][5] [6]

D'Institut fir katalounesch Studien (Institut d'Estudis Catalans) an d'Valencianesch Akademie vun der Sprooch (Acadèmia Valenciana de la Llengua) sinn zwou grouss akademesch Institutiounen, déi sech wëssenschaftlech mat der Sprooch beschäftegen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (en) Raphael Minder, Italy’s Last Bastion of Catalan Language Struggles to Keep It Alive. The New York Times (21. November 2016) Archivéiert den 29. Dezember 2021. Gekuckt de 5. August 2023.
  2. 1 2 (ca) els Països Catalans. enciclopedia.cat. Gekuckt de 4. August 2026.
  3. ↑ (de) Reiner Wandler & Eric Bonse, Antrag auf neue Amtssprachen in der EU | Spanien bekommt eine Abfuhr. taz.de (19. September 2023). Gekuckt de 4. August 2026.
  4. ↑ (de) Lektorat für Katalanisch. Freie Universität Berlin | Institut für Romanische Philologie. Gekuckt de 4. August 2026.
  5. ↑ (ca) InformeCAT 2025 | 50 dades sobre la llengua catalana. Plataforma per la Llengua (2025). Gekuckt de 4. August 2026.
  6. ↑ (ca) InformeCAT 2021 | 50 dades sobre la llengua catalana. Plataforma per la Llengua (2021). Gekuckt de 4. August 2026.