Gratian
| Gratian | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
18. Abrëll 359 jul. Sirmium |
| Gestuerwen | 25. August 383 jul. |
| Alter | 24 Joer |
| Nationalitéit | Réimescht Räich |
| Aktivitéit | Politiker, Militär |
| Fonctioun | réimesche Keeser, Senateur, réimesche Konsul |
| Bestuet mat |
Constantia, Laeta |
|
| |
De Gratian, mam vollen Numm Flavius Gratianus, gebuer den 18. Abrëll 359 zu Sirmium, a gestuerwen de 25. August 383 zu Lugdunum (Lyon), war an der Spéitantiquitéit, vun 375 bis 383, Keeser am Weste vum Réimesche Räich.
Hie war den eelste Bouf vum Valentinian I., a gouf schonn 367, als Kand, vu sengem Papp zum Augustus ernannt. Nom Doud vu sengem Papp, 375, huet hien de Weste vum Räich geierft. Nominell huet hien d'Regence mat sengem klengen Hallefbrudder Valentinian II. gedeelt. Am Ostréimesche Räich war säi Monnonk Valens Keeser, deem säin Nofollger dunn 379 den Theodosius I. gouf.
Zesumme mat sengem Koseng Theodosius I. huet hien d'Chrëschtentum zur Staatsrelioun am Réimesche Räich erhuewen.
D'Stad Cularo um Floss Isère am réimesche Gallie gouf no him Gratianopolis genannt; haut heescht se Grenobel.
383 gouf de Gratian vun der Arméi sëtze gelooss, déi léiwer den Usurpator Magnus Maximus bei Lutetia (Paräis) ënnerstëtzt huet. De Gratian ass op Lugdunum geflücht, wou e spéiderhin ermuert gouf.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gratian – Biller, Videoen an Audiodateien |
