Tamás Sulyok
| Tamás Sulyok | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
7. President vun Ungarn | |
| 5. Mäerz 2024 – 20. Juli 2026 | |
| Virgänger | Katalin Novák |
| Nofollger |
Ágnes Forsthoffer (kommissaresch) András Baka |
| Partei | Onofhängeg |
| Biographie | |
| Gebuer |
24. Mäerz 1956 Kiskunfélegyháza |
| Alter | 70 Joer |
| Nationalitéit | Ungarn |
| Educatioun | Universitéit vun Szeged |
| Aktivitéit | Affekot, Universitéitsprofesser, Politiker |
| Kanner | Katalin Sulyok |
|
| |
Den Tamás Sulyok, gebuer de 24. Mäerz 1956[1], ass en ungareschen Affekot a Politiker.
Hie war zanter 2014 Member a vun 2016 bis 2024 President vum ungaresche Verfassungsgeriicht.[2]
No der Demissioun vun der Presidentin Katalin Novák, den 22. Februar 2024, huet de Máté Kocsis, Leader vun der Fidesz-KDNP Regierungskoalitioun, ugekënnegt datt d'Regierungsparteien den Tamás Sulyok als President vun der Republik nominéiere géifen.[3]
Den Tamás Sulyok gouf de 26. Februar 2024 vum ungaresche Parlament zum President vun der Republik gewielt an huet säin Amt de 5. Mäerz 2024 ugeholl.[4]
Nodeems de Viktor Orbán als Premierminister ofgewielt a vum Oppositiounsleader Péter Magyar ofgeléist gi war, huet dësen de President Sulyok opgefuerdert, bis Enn Mee 2026 zeréckzetrieden. Wéi näischt geschitt ass, huet d'Parlament am Juli 2026 eng Ännerung vun der Verfassung gestëmmt, fir dass en ofgesat soll ginn.[5] Dës Ännerung huet de Sulyok ënnerschriwwen, wat mat sech bruecht huet, datt seng Amtszäit den 20. Juli 2026 op en Enn koum.[6]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Tamás Sulyok – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ http://www.delmagyar.hu/szeged_hirek/korabban_a_szegedi_onkormanyzatot_is_kepviselte_az_alkotmanybirosag_leendo_elnoke/2497102/
- ↑ Cseke Balázs, Nyolc napig Kövér László lesz a köztársasági elnök, az ő kezében a svédek NATO-csatlakozása. Telex (26.02.2024). Gekuckt de 27.02.2024.
- ↑ Bejelentették a kormánypártok államfőjelöltjét, Sulyok Tamás lesz Novák Katalin utódja. HVG (22.02.2024).
- ↑ Hivatalba lépett Sulyok Tamás államfő, de ünnepélyes beiktatás nélkül - Startlap (05.03.2024). Gekuckt de 17.05.2024.
- ↑ Parlament stimmt für Verfassungsänderung zur Absetzung des Präsidenten. zeit.de, Juli 2026.
- ↑ (de) Orbán-Freund unterschreibt sein Ende: Präsident Sulyok erklärt seinen Posten für vakant. t-online (18.07.2026). Gekuckt den 18.07.2026.
