Spencer Davis
Ausgesinn
| Spencer Davis | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Spencer David Nelson Davies |
| Gebuer |
17. Juli 1939 Swansea |
| Gestuerwen |
19. Oktober 2020 Los Angeles |
| Alter | 81 Joer |
| Doudesursaach | Longenentzündung |
| Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
| Educatioun | Universitéit vu Birmingham |
| Aktivitéit | Gittarist, Sänger, Museker |
| Websäit | http://www.spencer-davis-group.com |
|
| |
De Spencer David Nelson Davies, gebuer de 17. Juli 1939 zu Swansea, a gestuerwen den 19. Oktober 2020 am Budesstaat New York[1] oder zu Los Angeles[2], war e brittesche Rockmuseker (Gesang, Gittar, Keyboards, Mondharmonika).
Hien huet 1963 d' Spencer Davis Group, déi besonnesch an den 1960er Joren e puer grouss Hitten hat, wéi Keep on Running oder Gimme Some Lovin' .
Hien ass mam Bill Wyman a mam Christine Perfect opgetrueden. 1970 goung en a Kalifornien wunnen, wou en e puer Soloalbumen enregistréiert huet an do an enger Blues- a Folkband gespillt huet. Als Manager vun enger Plackefirma huet hien de Robert Palmer an de Bob Marley gehollef erauszebréngen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Spencer Davis – Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Der bescheidenste Gitarrist der Rockgeschichte." sueddeutsche.de, 2020-10-21.
- ↑ "Spencer Davis, Whose Band Helped Power the Sound of the ’60s, Dies at 81." nytimes.com, 2020-10-20.
