Schabloun:Commonscat
| Dokumentatioun vun der Schabloun:Commonscat | [liesen] [änneren] [Versioune weisen] |
D'Dokumentatioun fir dës Schabloun steet hei ënnendrënner an ass vun der Säit Schabloun:Commonscat/doc hei agebonne ginn. Kuckt och: Hëllef:Schablounen.
Beschreiwung
ännerenDës Schabloun ass geduecht, fir an engem Artikel oder enger Kategorie e Link op déi dozougehéiereg Wikimedia-Commons-Kategorie ze setzen. De Linktitel soll normalerweis op Lëtzebuergesch sinn.
Et ass gängeg Praxis, dës Schabloun bei Artikelen als éischt Zeil ënnert d'Iwwerschrëft „Um Spaweck“ ze setzen a bei Kategorien direkt ënnert d'Kategoriëbox (d. h. {{Kategorie}}, {{KategorieSpezial}}, {{KategorieBox}} a Co.).
Beispill
änneren{{Commonscat|mathematicians|Mathematiker}}
| Commons: Mathematiker – Biller, Videoen an Audiodateien |
Gebrauch
ännerenEt gëtt e puer Méiglechkeeten, dës Schabloun ze benotzen, jee nodeems, wat fir Parameteren een ugëtt. A jee nodeems, ob den Artikel oder d'Kategorie mat engem Wikidata-Element mat engem Wäert fir Commons-Kategorie (P373) verbonnen ass, ass d'Resultat och een anert:
{{Commonscat}}- Falls et ee Wikidata-Element mat Commons-Kategorie gëtt, da gëtt op dës Kategorie verlinkt, an am anere Fall gëtt den aktuelle Säitentitel als Numm vun der Commons-Kategorie geholl. A béide Fäll gëtt als Linktitel den aktuelle Säitentitel ugewisen (d. h.
{{PAGENAME}}). {{Commonscat|foo}}oder{{Commonscat|Link=foo}}- An dësem Fall gëtt op d'Commons-Kategorie
Category:fooverlinkt an als Linktitel gëtt ochfoougewisen. {{Commonscat|foo|bar}},{{Commonscat|foo|Titel=bar}}oder{{Commonscat|Link=foo|Titel=bar}}- An dësem Fall gëtt op d'Commons-Kategorie
Category:fooverlinkt an als Linktitel gëttbarugewisen. {{Commonscat|Titel=bar}}- Falls et ee Wikidata-Element mat Commons-Kategorie gëtt, da gëtt op dës Kategorie verlinkt, an am anere Fall gëtt den aktuelle Säitentitel als Commons-Kategorie geholl. A béide Fäll gëtt als Linktitel
barugewisen.
Ausserdeem setzt dës Schabloun Tracking-Kategorien op d'Säit, falls néideg:
- Kategorie:Commonscat:Kee manuellen oder Wikidata-Link
- Dës Kategorie gëtt derbäigesat, wann d'Schabloun ouni Wäert fir de Linkparameter opgeruff gëtt an dat op enger Säit, déi net mat engem Wikidata-Element mat enger Ausso fir Commons-Kategorie (P373) verbonnen ass. Mat anere Wierder gëtt dës Kategorie gesat, wann de Säitentitel als Commons-Link geholl gëtt.
- Kategorie:Commonscat:Manuelle Link verschidde vu Wikidata-Link
- Dës Kategorie gëtt derbäigesat, wann d'Schabloun mat engem Wäert fir de Linkparameter opgeruff gëtt, deen awer verschidden ass vum Wäert fir Commons-Kategorie (P373), deen um verbonnene Wikidata-Element steet.
