Nonzéng
Déi natierlech Zuel Nonzéng (19) ass d'Nofollgerin vun der Uechtzéng an d'Virgängerin vun der Zwanzeg. Et ass eng ongerued Zuel.
| 19 | |
|---|---|
| Nonzéng | |
|
| |
| positiv ganz Zuel, Primzuel, ongerued Zuel, zentréiert Dräieckszuel, Aachteckzuel | |
| Virgänger | Uechtzéng |
| Nofollger | Zwanzeg |
| Ordinalzuel | nonzéngt |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 19 |
| Deeler | 1, 19 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 2 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | XIX |
| Binär | 10011 |
| Oktal | 23 |
| Duodezimal | 17 |
| Hexadezimal | 13 |
|
| |
Mathematik
ännerenDat réimescht Zeeche fir d'Nonzéng ass XIX.
Et ass eng Primzuel an eng Størmer-Zuel.

E Nonzéngeck oder Nondekagon ass e Villeck (Polygon), deen aus nonzéng Ecken a nonzéng Säite besteet.
Naturwëssenschaft
ännerenDe Messier 19 ass e helle Kugelstärekoup am Stärebild Ophiuchus. Den NGC 19 ass eng Balkespiralgalaxie am Stärebild Andromeda.
Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Nonzéng d'Uerdnungszuel vum Kalium.
D'COVID-19-Pandemie ass en Ausbroch vun der neier Otemweeërkrankheet COVID-19 (oder "Covid-19" fir "Corona Virus Disease 2019").
Et gëtt nonzéng Zorte vu Schnéikläckelcher.
Aneres
ännerenD' Nationalstrooss 19 oder N19 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss féiert vun der Bleesbréck op Reisduerf.
De Buschtaf S, respektiv 's ass den nonzéngte Buschtaf am laténgeschen Alphabet.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren| Commons: Nonzéng – Biller, Videoen an Audiodateien |
