Nicolas Strotz
| Nicolas Strotz | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
20. Dezember 1940 Bieles |
| Gestuerwen |
19. August 2026 Lëtzebuerg |
| Alter | 85 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Ingenieur, Basketballspiller |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
| Gielercher | Officier vum Ordre de la couronne de chêne, Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg |
|
| |
Den Nicolas ("Néckel") Strotz, gebuer den 20. Dezember 1940 zu Bieles, a gestuerwen den 19. August 2026[1] an der Stad Lëtzebuerg[2][3], war e lëtzebuergeschen “Ingénieur industriel” (fréier: Ingénieur technicien[4]), Politiker (CSV) a fréiere Basketballspiller.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Am Oktober 1981 ass den Néckel Strotz an de Gemengerot vun der Gemeng Welleschten gewielt ginn. Den 1. Januar 1982 gouf hie Buergermeeschter an ass dat bis 2005 bliwwen.[5]
Als Buergermeeschter huet hien d'Entwécklung vu Bech-Maacher, Schwéidsbeng a Welleschten an der ganzer Regioun begleet a matgestalt. Dobäi huet hien iwwer d'Gemengen- a Landesgrenzen eraus geduecht: sou war hie weesentlech un der Realisatioun vun der grenziwwerschreidender an interkommunaler Kläranlag zu Perl-Besch bedeelegt.[2]
Vun 1989 bis 2004 war hien och nach Deputéierten an der Chamber. Bannent der CSV gouf hien zum Éierepresident vum Sektiounsverbond Biermereng-Schengen-Welleschten-Stadbriedemes ernannt.[2]
Basketball
[änneren | Quelltext änneren]Hie war och als Basketballspiller bekannt. 1964 war de Strotz am Kader vun der lëtzebuergescher Härebasketballnationalekipp, an huet zweemol fir d'Nationalekipp gespillt.[2] Hie war Member vun der Association des anciens du basketball luxembourgeois ASBL.
Veräinsliewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Nicolas Strotz huet sech iwwer vill Jore fir d'Possenhaus zu Bech-Maacher agesat. Hie war ënner anerem President vun den Amis du Possenhaus et du folklore mosellan a méi spéit Vizepresident vun der Fondation Possenhaus. Domat huet hie sech fir d'Erhale vun den Traditiounen a vum kulturellen Ierwe vun der Muselregioun agesat.[2]
45 Joer laang stoung hien als President un der Spëtzt vum Dësch-Tennis Bech-Maacher. 2010 gouf hien als déngschteelsten Dëschtennispresident vum Land geéiert; wéi hien 2015 no méi wéi véier Joerzéngten d'Amt ofginn huet, huet de Veräin hien zum Éierepresident ernannt.[2]
Vun 2000 bis 2003 war hie President vum nationale Pompjeesverband. An der Chamber huet hie sech och fir d'Pompjeeën an eng Professionaliséierung vun de Strukture staark gemaach.[2]
Gielercher an Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1999)[6]
Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2004)[7]
- Fir seng Verdéngschter gouf hien Éierebuergermeeschter vun der fréierer Gemeng Welleschten.[2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce Nicolas Strotz. In: Luxemburger Wort, 26. August 2026.
- 1 2 3 4 5 6 7 8 Nicolas Strotz ist im Alter von 85 Jahren gestorben. Luxemburger Wort (20.08.2026). Gekuckt den 20.08.2026.
- ↑ (lb) RIP: Fréieren Deputéierten a Buergermeeschter vu Welleschten Nicolas Strotz gestuerwen. RTL Lëtzebuerg (20.08.2026). Gekuckt den 21.08.2026.
- ↑ Règlement grand-ducal du 27 juillet 1997 déterminant la composition et les modalités de fonctionnement de la commission d'assimilation chargée d'évaluer la qualification scientifique ou professionnelle des ingénieurs techniciens en vue de leur conférer le titre d'ingénieur industriel. Mémorial A 1997, S. 2072
- ↑ R. Ruppert: Ein Herz und eine Seele: Gaby und Néckel Strotz-Krier sind seit 50 Jahren glücklich verheiratet. Luxemburger Wort 2016, Nr. 37 (13. Februar), S. 27.
- ↑ Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
- ↑ Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004 mat der Lëscht vun de Gielercher vun der Chamber aus dem Joer 2004
