Op den Inhalt sprangen

McDonnell Douglas

Vu Wikipedia
McDonnell Douglas
Logo
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 1967
Opléisungsdatum 1996
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Sëtz St. Louis
Mataarbechter 63.000
Branche Maschinnebau

McDonnell Douglas war, bis d'Firma 1997 vu Boeing iwwerholl gouf, ee vun de gréisste Fligerproduzenten op der Welt. Hiren Haaptsëtz hate se zu Long Beach a Kalifornien an den USA. McDonnell Douglas war 30 Joer laang ee vun de gréisste Sous-traitante vun der US Navy an der US Air Force.

McDonnell Douglas gouf 1967 mat der Fusioun vun de Fligerhiersteller Douglas Aircraft Company, dee finanziell Schwieregkeeten hat, an McDonnell Aircraft Corporation, gegrënnt. Si hunn domat nieft Boeing, North American an Lockheed zu de 4 gréisste Fligerhiersteller an den USA gezielt. Zesummen hu si weiderhi souwuel Zivil- wéi och Militärfligere gebaut. Ënner der Uelegkris an de 70er Joren hunn och Fligerhiersteller misse leiden. McDonnell Douglas huet probéiert ze diversifizéiere fir sech kennen iwwer Waasser ze halen an huet d'Helikopterfirma Hughes Helicopters iwwerholl. Den 10. Februar 1993 hu si hiren 10.000 Fliger gebaut. Nodeem Boeing 1996 d'Firma North American Aviation iwwerholl huet, gouf 1997 dunn och McDonnell Douglas iwwerholl.

Zivil Fligeren

[änneren | Quelltext änneren]

Militärfligeren

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: McDonnell Douglas – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]