Clint Eastwood
| Clint Eastwood | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
31. Mee 1930 San Francisco |
| Alter | 96 Joer |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun |
Los Angeles City College, Seattle University, Oakland Technical High School, Piedmont High School |
| Aktivitéit | Filmproduzent, Filmschauspiller, Filmregisseur, Gastronom, Komponist, Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller, Regisseur, Schrëftsteller, Aktivist, Sänger, Buergermeeschter, Schauspiller, Museker, Politiker |
| Partei | Libertarian Party, Republican Party |
| Fonctioun | President vun der Jury am Filmfestival zu Cannes |
| Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
| Auszeechnungen | Commandeur vun der Légion d'honneur, Commandeur des Arts et des Lettres, National Medal of Arts, Directors Guild of America Award, Oscar fir de beschte Regisseur, Oscar fir de beschte Regisseur, Oscar fir de beschte Film, Oscar fir de beschte Film, Kennedy-Präis, Golden Globe Awards, César du cinéma, Gëllene Léiw, Golden Boot Awards, Golden Boot Awards |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Dina Eastwood (31.3.1996–12.2014), Maggie Johnson (15.12.1953–1984) |
| Liewenspartner(in) |
Sondra Locke (1975–1989), Frances Fisher (1.1.1990–1.1.1995), Christina Sandera (2014–18.7.2024) |
| Papp | Clint Eastwood Sr. |
| Mamm | Margaret Ruth Runner |
| Kanner | Kyle Eastwood, Alison Eastwood, Scott Eastwood, Francesca Eastwood, Morgan Eastwood, Kathryn Eastwood, Kimber Lynn Eastwood |
|
| |
De Clint Eastwood, gebuer den 31. Mee 1930 als Clinton Eastwood Jr., Jong vun der Francesca Ruth Runner an dem Clinton Eastwood Sr., zu San Francisco a Kalifornien, ass en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Produzent, Komponist a Politiker.
Privatliewen
[änneren | Quelltext änneren]Dem Clint Eastwood seng Famill huet schottesch, iresch, hollännesch an englesch Wuerzelen. Seng Kandheet huet hien an der Bucht vun Oakland verbruecht. Säi Papp war Comptabel (eenzel Quelle soen och Stolaarbechter), deen an der amerikanescher Depressiounszäit an den 30er Jore seng Aarbecht verluer huet. Hien huet sech du mat senger Famill op der Westküst duerchgeschloen an op Bensinnsstatioune geschafft.
De Clint ass an 10 verschidde Schoule gaangen. A senger Jugend huet hien als Bëschaarbechter am Oregon, als Aarbechter an engem Stolwierk, als Schwammmeeschter, op Bensinnsstatiounen an als Magasinier am Ersatzdeellager vu Boeing zu Seattle geschafft.
De Clint Eastwood war zweemol bestuet. Hien huet néng Kanner (fënnef Meedercher a véier Jongen) an dat vu fënnef verschiddene Fraen.
1953 huet hien d'Maggie Johnson bestuet (e Bestietnes dat bis 1978 gehalen huet) an hat mat hir 2 Kanner: (Kyle *1968 an Alison *1972).
1960 huet hien d'Roxanne Tunis kennegeléiert mat där hien eng laangjäreg Affär hat. De 17. Juni 1964 gouf hir Duechter Kimber gebuer.
1978 léisst hie sech vu senger éischter Fra Maggie Johnson scheeden. E lieft 15 Joer laang (vun 1975 bis 1990) mat der Schauspillerin Sondra Locke zesummen.
Carrière beim Film
[änneren | Quelltext änneren]Ufank
[änneren | Quelltext änneren]Schonn 1954 huet de Clint Eastwood säin éischte Filmvertrag bei Universal ënnerschriwwen (fir 75 Dollar d'Woch), mä hien ass laang Zäit net iwwer de Statistestatus erauskomm. Säin éischten Optrëtt huet hien 1955 an "Revenge of the Creature". Mä a ville Filmer muss ee scho ganz genee hikucke wann een en net verpasse wëllt, z. B. als Bomberpilot an Tarantula!. Wärend där Zäit muss hien dacks op dat auswäiche wat en tëscht der Schoul a bei der Arméi geléiert huet: Piscinë botzen an als Schwammmeeschter schaffen.
Seng Filmrolle sinn ëmmer méi kleng ginn a schliisslech war hie frou wéi en 1959 eng Haaptroll an enger Televisiounsserie krut: Deen naiven an onerfuerene Rowdy Yates an der Serie Rawhide, déi duerno zimmlech erfollegräich ginn as. Vun 1958 bis 1965 huet hien den zweete Mann nieft dem Trekker Gil Favour (Eric Fleming) op engem Véidriff gespillt, deen ënnerwee ëmmer erëm opgehale gouf.
An der leschter Staffel huet den Eastwood d'Haaptroll iwwerholl, et sollt awer säin Äddi vun der Tëlevisioun sinn.
Vun 1964 bis 1970
[änneren | Quelltext änneren]De Regisseur Sergio Leone huet en amerikaneschen Acteur fir säi Film Per un pugno di dollari gesicht. Den Henry Fonda an den James Coburn ware fir de Budget vum Film awer ze deier, an dunn huet de Sandalefilmschauspiller Richard Harrison dem Leone de Clint Eastwood virgeschloen.
Dem Leone säi bëlleg produzéierte Western ass an Europa e sensationellen Erfolleg ginn, an huet domat e richtege Boom fir Italo-Western augesléist. De Clint Eastwood, deen d'Haaptroll als wéineg gespréichegen, "coolen" Kappgeldjeeër, gespillt huet an éiweg en Zigarillo am Bak hat (wéi hie selwer an engem Interview gesot huet ass him am Ufank bal schlecht ginn dovun), huet domat de Grondstee fir seng Carrière an och fir säin Image geluecht. 1965 a 1966 huet hien dunn och d'Haaptroll am Leone senge Filmer Per qualche dollaro in più,an Il buono, il brutto, il cattivo gespillt.
1968 goung den Eastwood zeréck op Hollywood, wou hien a verschiddene Filmer weider säin Image als Revolverheld respekiv "grousen Haarde" fleegt wéi z. B. an Hang 'em high (1968) oder Kelly's Heroes (1970).
Vun 1971 bis an d'80er
[änneren | Quelltext änneren]1971 ass dem Clint Eastwood zu Hollywood deen definitiven Duerchbroch gelongen. Ënner der Regie vum Don Siegel hat hien d'Haaptroll als Harry Callahan am Film "Dirty Harry". A senger Filmroll spillt hien en Inspekter dee mat zimmlech zweiwelhafte Methoden (no beschter Wild-West-Manéier) op Verbriecherjuegd geet. Den "Dirty Harry" gëtt eng Aart Kult-Figur. Am selwechte Joer dréint den Eastwood och säin éischte Film als Regisseur, de Psycho-Thriller Play Misty for Me.
Als Action- a Westernheld zielt den Eastwood bis an d'80er Joren zu de weltwäit populäerste Filmschauspiller. E spillt nach e puermol d'Roll vum Inspecter Harry Callahan an ass an Action-Filmer wéi "Thunderbolt and Lightfoot" (1974) oder "The Gauntlet" (1977) erfollegräich.
Parallel zu senger Carrière als Acteur profiliéiert sech de Clint Eastwood och als Filmregisseur. Hien dréint Filmer, wéi The Outlaw Josey Wales, e Western (1976) oder Bird, d'Biographie vum Jazz-Museker Charlie Parker.
1986 gëtt den Eastwood Buergermeeschter zu Carmel-by-the-Sea. Op der Lëscht vun de Republikaner hat hien 72 % vun de Stëmme kritt. No 2 Joer huet hie seng Demissioun ginn.
1993 spillt en am Thriller In the Line of Fire een FBI-Agent deen an den Alter komm as.
1992 fënnt e mat dem Western "Unforgiven" d'Unerkennung vun Hollywood a kritt als Regisseur a Produzent vum Film säin éischten Oscar. Fir säi Wierk als Produzent gëtt en 1994 mam Irving G. Thalberg Memorial Award ausgezeechent.
1995 ass den Eastwood Regisseur an Haaptduersteller, nieft der Meryll Streep, an der melancholescher Libesgeschicht "The Bridges of Madison County".
Den 29. Februar 1996 kritt e vum American Film Institute (AFI) de Live Achievement Award fir säi Liewenswierk als Schauspiller, Regisseur a Produzent.
Zanter 1993 ass den Eastwood nëmmen nach ënner eegener Regie am Kino ze gesinn. En dréint Thriller wéi "Absolute Power" (1996) oder "Blood Work (2002). 2003 kann hien als Regisseur vum däischteren Drama "Mystic River" bei de Filmkritiker e groussen Erfolleg verbuchen.
2005 ass en de grousse Gewënner vun der Oscar-Verdeelung a kritt fir säi Boxer-Drama "Million Dollar Baby säin 2. Regie-Oscar.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1955: Revenge Of The Creature - Regie: Jack Arnold - Haaptacteuren: John Agar, Lori Nelson - (als Jennings)
- 1955: Francis in the Navy - Regie: Arthur Lubin - Haaptacteuren: Donald O'Connor, Martha Hyer - (als Jonesy)
- 1955: Lady Godiva of Conventry - Regie: Arthur Lubin - Haaptacteuren: Maureen O'Hara, George Nader - (als Alfred the Fletcher)
- 1955: Tarantula! - Regie: Jack Arnold - Haaptacteuren: John Agar, Leo G. Carroll - (als Jet Pilot)
- 1955: Never Say Goodbye - Regie: Jerry Hopper - Haaptacteuren: Rock Hudson, Cornell Borchers - (als Will)
- 1956: Star in the Dust - Regie: Charles F. Haas - Haaptacteuren: John Agar, Mamie Van Doren, Richard Boone - (als Tom)
- 1956: Away all Boats - Regie: Joseph Pevney - Haaptacteuren: Jeff Chandler, George Nader, Lex Barker
- 1956: The First Travelling Saleslady - Regie: Arthur Lubin - Haaptacteuren: Ginger Rogers, Barry Nelson - (als Jack Rice)
- 1957: Escapade in Japan - Regie: Arthur Lubin - Haaptacteuren: Teresa Wright, Cameron Mitchell - (als Ballard)
- 1958: Ambush at Cimarron Pass - Regie: Jodie Copelan - Haaptacteuren: Scott Brady, Margia Dean - (als Keith Williams)
- 1958: Lafayette Escadrille - Regie: William A. Wellman - Haaptacteuren: Tab Hunter, Etchika Choureau, Marcel Dalio - (als George Moseley)
- 1964: Per un pugno di dollari - Regie: Sergio Leone - Haaptacteuren: Gian Maria Volontè, Marianne Koch - (als Joe)
- 1965: Per qualche dollaro in più - Regie: Sergio Leone - Haaptacteuren: Lee Van Cleef, Gian Maria Volontè - (als Monco)
- 1966: Il buono, il brutto, il cattivo - Regie: Sergio Leone - Haaptacteuren: Eli Wallach, Lee Van Cleef - (als Blondie)
- 1967: Le streghe- Episod: Una sera come le altre - Regie: Vittorio De Sica - Haaptacteuren: Silvana Mangano, Armando Bottin - (als Carlo)
- 1968: Hang 'Em High - Regie: Ted Post - Haaptacteuren: Inger Stevens, Ed Begley - (als Jed Cooper)
- 1968: Coogan's Bluff - Regie: Don Siegel - Haaptacteuren: Lee J. Cobb, Susan Clark - (als Coogan)
- 1968: Where Eagles Dare - Regie: Brian G. Hutton - Haaptacteuren: Richard Burton, Mary Ure - (als Schaffer)
- 1969: Paint Your Wagon - Regie: Joshua Logan - Haaptacteuren: Lee Marvin, Jean Seberg - (als Pardner)
- 1969: Two Mules for Sister Sara - Regie: Don Siegel - Haaptacteuren: Shirley MacLaine, Manolo Fábregas - (als Hogan)
- 1970: Kelly's Heroes - Regie: Brian G. Hutton - Haaptacteuren: Telly Savalas, Donald Sutherland - (als Kelly)
- 1971: The Beguiled - Regie: Don Siegel - Haaptacteuren: Geraldine Page, Elizabeth Hartman - (als John McBurney)
- 1971: Play Misty for Me - Regie: Clint Eastwood- Haaptacteuren: Jessica Walter, Donna Mills - (als Dave)
- 1971: Dirty Harry - Regie: Don Siegel - Haaptacteuren: Harry Guardino, John Vernon - (als Harry)
- 1972: Joe Kidd - Regie: John Sturges - Haaptacteuren: Robert Duvall, John Saxon - (als Joe Kidd)
- 1973: High Plains Drifter - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Verna Bloom, Marianna Hill - (als Stranger)
- 1973: Breezy - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: William Holden, Kay Lenz
- 1973: Magnum Force - Regie: Ted Post - Haaptacteuren: Hal Holbrook, Mitchell Ryan - (als Harry Calahan)
- 1974: Thunderbolt and Lightfoot - Regie: Michael Cimino - Haaptacteuren: Jeff Bridges, George Kennedy - (als Thunderbolt)
- 1975: The Eiger Sanction - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: George Kennedy, Vonetta McGee, Heidi Brühl - (als onathan Hemlock)
- 1976: The Outlaw Josey Wales - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Sondra Locke, Chief Dan George - (als Josey Wales)
- 1976: The Enforcer - Regie: James Fargo - Haaptacteuren: Harry Guardino, Bradford Dillman - (als Harry Callahan)
- 1977: The Gauntlet - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Sondra Locke, Pat Hingle - (als Ben Shockley)
- 1978: Every Which Way but Loose - Regie: James Fargo - Haaptacteuren: Sondra Locke, Beverly D'Angelo - (als Philo Beddoe)
- 1979: Escape from Alcatraz - Regie: Don Siegel - Haaptacteuren: Patrick McGoohan, Roberts Blossom - (als Frank Morris)
- 1980: Bronco Billy - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Sondra Locke, Scatman Crothers - (als Bronco Billy)
- 1980: Any Which Way You Can - Regie: Buddy Van Horn - Haaptacteuren: Sondra Locke, Geoffrey Lewis - (als Philo Beddoe)
- 1982: Firefox - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Freddie Jones, David Huffman - (als Mitchell Gant)
- 1982: Honkytonk Man: - Regie: Clint Eastwood- Haaptacteuren: Kyle Eastwood, John McIntire - (als Red Stovall)
- 1983: Sudden Impact - Regie: Clint Eastwood- Haaptacteuren: Sondra Locke, Pat Hingle - (als Harry Callahan)
- 1984: Tightrope - Regie: Richard Tuggle - Haaptacteuren: Geneviève Bujold, Dan Hedaya - (als Wes Block)
- 1984: City Heat - Regie: Richard Benjamin - Haaptacteuren: Burt Reynolds, Jane Alexander - (als Speer)
- 1985: Pale Rider - Regie: Clint Eastwood- Haaptacteuren: Michael Moriarty, Carrie Snodgress
- 1986: Heartbreak Ridge - Regie: Clint Eastwood- Haaptacteuren: Marsha Mason, Everett McGill - (als Highway)
- 1988: The Dead Pool - Regie: Buddy Van Horn - Haaptacteuren: Liam Neeson, Patricia Clarkson - (als Harry Callahan)
- 1989: Pink Cadillac - Regie: Buddy Van Horn - Haaptacteuren: Bernadette Peters, Timothy Carhart - (als Tommy Nowak)
- 1990: White Hunter Black Heart - Regie: Clint Eastwood- Haaptacteuren: Jeff Fahey, Charlotte Cornwell - (als John Wilson)
- 1990: The Rookie - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Charlie Sheen, Raul Julia - (als Nick Pulovski)
- 1992: Unforgiven - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Gene Hackman, Morgan Freeman - (als Bill Munny)
- 1993: In the Line of Fire - Regie: Wolfgang Petersen - Haaptacteuren: John Malkovich, Rene Russo - (als Frank Horrigan)
- 1993: A Perfect World - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Kevin Costner, Laura Dern - (als Red Garnett)
- 1994: Les cent et une nuits de Simon Cinéma Regie: Agnès Varda - Haaptacteuren: Michel Piccoli, Anouk Aimée - (als Clint Eastwood)
- 1995: Casper - Regie: Rob Letterman, Brad Silberling - Haaptacteuren: Christina Ricci, Bill Pullman - (als Clint Eastwood)
- 1995: The Bridges of Madison County - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Meryl Streep, Annie Corley - (als Robert Kincaid)
- 1997: Absolute Power - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Gene Hackman, Ed Harris - (als Luther Whitney)
- 1999: True Crime - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Isaiah Washington, LisaGay Hamilton - (als Steve Everett)
- 2000: Space Cowboys - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Tommy Lee Jones, Donald Sutherland - (als Frank Corvin)
- 2002: Blood Work - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Jeff Daniels, Anjelica Huston - (als Terry McCaleb)
- 2004: Million Dollar Baby - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Hilary Swank, Morgan Freeman - (als Frankie Dunn)
- 2008: Gran Torino - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Christopher Carley, Bee Vang - (als Walt Kowalski)
- 2008: Trouble with the Curve - Regie: Robert Lorenz - Haaptacteuren: Amy Adams, John Goodman - (als Gus)
- 2014: American Sniper - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Kyle Gallner, Bradley Cooper - (als )
- 2018: The Mule - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Patrick L. Reyes, Cesar De León - (als Earl Stone)
- 2021: Cry Macho - Regie: Clint Eastwood - Haaptacteuren: Dwight Yoakam, Daniel V. Graulau - (als Mike Milo)
Televisioun
[änneren | Quelltext änneren]- 1956: TV Reader's Digest - (TV-Serie) - (1 Episod)
- 1956: Highway Patrol - (TV-Serie) - (1 Episod)
- 1956: Death Valley Days - (TV-Serie) - (1 Episod)
- 1957: West Point - (TV-Serie) - (1 Episod)
- 1958: Navy Log - (TV-Serie) - (1 Episod)
- 1959-1966: Rawhide - (TV-Serie) - (217 Episoden)
- 1958: Maverick - (TV-Serie) - (1 Episod)
- 1959: Alfred Hitchcock Presents - (TV-Serie) - Episod: Human Interest Story - Regie: Norman Lloyd - Haaptacteuren: Steve McQueen, Arthur Hill
- 1962: Mister Ed - (TV-Serie) - (1 Episod)
als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1971: Play Misty for Me - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Jessica Walter, Donna Mills
- 1973: High Plains Drifter - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Verna Bloom, Marianna Hill
- 1973: Breezy - Haaptacteuren: William Holden, Kay Lenz, Roger C. Carmel
- 1975: The Eiger Sanction - Haaptacteuren: Clint Eastwood, George Kennedy, Heidi Brühl
- 1976: The Outlaw Josey Wales Haaptacteuren: Clint Eastwood, Sondra Locke, Chief Dan George
- 1977: The Gauntlet - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Sondra Locke, Pat Hingle
- 1980: Bronco Billy - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Sondra Locke, Pat Hingle
- 1982: Firefox - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Freddie Jones, David Huffman
- 1982: Honkytonk Man - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Kyle Eastwood, John McIntire
- 1983: Sudden Impact - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Sondra Locke, Bradford Dillman
- 1985: Pale Rider - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Michael Moriarty, Carrie Snodgress
- 1986: Heartbreak Ridge - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Marsha Mason, Everett McGill
- 1988: Bird - Haaptacteuren: Forest Whitaker, Diane Venora, Michael Zelniker
- 1990: White Hunter Black Heart - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Jeff Fahey, Charlotte Cornwell
- 1990: The Rookie - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Charlie Sheen, Raul Julia
- 1992: Unforgiven - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Gene Hackman, Morgan Freeman
- 1993:A Perfect World - Haaptacteuren: Kevin Costner, Laura Dern, Clint Eastwood
- 1995: The Bridges of Madison County - Haaptacteuren: Meryl Streep, Clint Eastwood, Annie Corley
- 1997: Absolute Power - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Gene Hackman, Ed Harris
- 1998: Midnight in the Garden of Good and Evil - Haaptacteuren: John Cusack, Kevin Spacey, Jack Thompson
- 1999: True Crime - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Isaiah Washington, LisaGay Hamilton
- 2000: Space Cowboys - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Tommy Lee Jones, Donald Sutherland
- 2002: Blood Work - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Jeff Daniels, Anjelica Huston
- 2003: Mystic River - Haaptacteuren: Sean Penn, Tim Robbins, Kevin Bacon
- 2004: Million Dollar Baby - Haaptacteuren: Hilary Swank, Clint Eastwood, Morgan Freeman
- 2006: Flags of our Fathers - Haaptacteuren: Ryan Phillippe, Jesse Bradford, Adam Beach
- 2006: Letters from Iwo Jima - Haaptacteuren: Ken Watanabe, Kazunari Ninomiya
- 2008: Changeling - Haaptacteuren: Angelina Jolie, Gattlin Griffith, Michelle Gunn
- 2008: Gran Torino - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Christopher Carley, Bee Vang
- 2009: Invictus - Haaptacteuren: Morgan Freeman, Matt Damon, Tony Kgoroge
- 2010: Hereafter - Haaptacteuren: Matt Damon, Cécile de France, Bryce Dallas Howard
- 2011: J. Edgar - Haaptacteuren: Leonardo DiCaprio, Naomi Watts, Armie Hammer
- 2014: Jersey Boys - Haaptacteuren: John Lloyd Young, Vincent Piazza, Christopher Walken
- 2014: American Sniper - Haaptacteuren: Bradley Cooper, Kyle Gallner, Sienna Miller
- 2016: Sully - Haaptacteuren: Tom Hanks, Aaron Eckhart, Valerie Mahaffey
- 2018: The 15:17 to Paris - Haaptacteuren: Ray Corasani, Alek Skarlatos, Anthony Sadler
- 2018: The Mule - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Bradley Cooper, Michael Peña
- 2019: Richard Jewell - Haaptacteuren: Paul Walter Hauser, Sam Rockwell, Brandon Stanley
- 2021: Cry Macho - Haaptacteuren: Clint Eastwood, Dwight Yoakam, Daniel V. Graulau
- 2024: Juror #2 - Haaptacteuren: Nicholas Hoult, Zoey Deutch, Toni Collette
Televisioun
[änneren | Quelltext änneren]- The Blues (2003) - TV-Serie - (Episod: Piano Blues)
- Amazing Stories (1985) - TV-Serie - (Episod: Vanessa in the Garden)
als Komponist
[änneren | Quelltext änneren]- Million Dollar Baby (2004)
- Mystic River (2003)
- Space Cowboys (2000)
- True Crime (1999) - (d'Lidd "Why Should I Care")
- Absolute Power (1997)
- The Bridges of Madison County(1995) - (d'Lidd "Doe Eyes")
- Unforgiven (1992) - (Claudia's theme)
- Heartbreak Ridge (1986) - (d'Lidd "How Much I Care")
- City Heat (1984)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Clint Eastwood – Biller, Videoen an Audiodateien |
- US-amerikanesch Filmschauspiller
- US-amerikanesch Filmregisseuren
- US-amerikanesch Komponisten
- Politiker (USA)
- Commandeur de la Légion d'honneur
- Oscar fir déi bescht Regie
- César d'honneur
- Präis vum Jury beim Festival vu Cannes
- Carrosse d'or
- Golden Globe fir de beschte Regisseur
- Cecil B. DeMille Award
- Henrietta Awards
- Gebuer 1930
