Hëllef:Säiten änneren
| Hiweis: Wann Dir dës Säit ännert, sidd Dir domat averstanen, fir Är Kontributioun ënner CC0 fräizeginn. Kuckt d'Hëllefssäiten iwwer den Domaine public fir méi Informatiounen. |
Et ass ganz einfach fir den Inhalt vun enger Wiki z'änneren:
- Klickt op den Onglet
Ännerenuewen op der Säit. - Maacht Ännerungen um Text.
- Klickt op de Knäppchen
Säit späicheren(oderÄnnerunge publizéieren, jee no Benotzeruewerfläch).
Méi schwéier ass et net!
Reegelen a Konventioune fir Ännerungen a Formatéierung
Déi wichtegst Reegel, fir op Wikien Ännerungen ze maachen, ass kéng ze sinn. Fuert duer – maacht Ännerungen. Aner Leit kënnen all Feeler, deen Dir maacht, verbesseren, also traut Iech a probéiert et! Et gëtt all méiglech Konventiounen, Reegelen a Philosophië fir Wiki-Säiten z'änneren, mee d'Reegel sief kéng ass déi wichtegst vun en alleguer!
Eng Ännerung kann dora bestoen, datt ee vollstänneg nei Abschnitter oder Säite voller Informatioune bäidréit, oder datt een einfach just en Tipp- oder Rechtschreiffeeler verbessert. Probéiert generell, Text op eng kloer a prezis Manéier derbäizesetzen oder z'änneren. Dat Wichtegst ass, datt Dir ëmmer probéiert, fir eppes ze maachen, dat den Inhalt vun der Wiki besser mécht.
Wann Dir iergendeng Aart Formatéierung braucht, zum Beispill fir nei Iwwerschrëften oder fir Text fettzedrécken, kënnt Dir dat iwwer d'Wikisyntax maachen oder mat de Knäppercher an der Ännerungsgeschierläischt iwwer dem Ännerungsberäich. Kuckt Hëllef:Formatéierung fir eng Rëtsch vun de méi dacks benotzten Zorte vu Formatéierung.
Wann Dir et ausprobéiere wëllt, fir Ännerungen ze maachen, da kënnt Dir Ännerungen op der Säit mam Numm Project:Sandbox testen, déi extra dofir do ass, fir datt een Ännerungstester drop maache kann.
Resümmee vun der Ännerung
Ier Dir eng Ännerung späichert, kënnt Dir eng kuerz Bemierkung (mat manner wéi 500 Zeechen) an d'Këscht Resümmee: aginn, fir ze beschreiwen, wat Dir geännert hutt.
Maacht Iech heiriwwer net ze vill Suergen an iwwerleet net ze laang driwwer: Gitt einfach eng kuerz Beschreiwung a vun deem, wat Dir grad geännert hutt.
Dir kënnt zum Beispill „Tippfeeler verbessert“ oder „méi Informatiounen iwwer Sonneblummen derbäigesat“ schreiwen.
Dëse Resümmee gëtt zesumme mat Ärer Ännerung gespäichert an erlaabt et anere Leit, fir Ännerungen op der Wiki méi effektiv ze suivéieren.
Virschau
Et ass eng gutt Iddi, fir de Knäppchen Kucken ouni ofzespäicheren ze benotzen, fir virum Ofspäicheren ze gesinn, wéi Är Ännerungen ausgesi wäerten.
Dat huet ass och relevant fir d'Suivéiere vun Ännerungen, well fir anerer all Kéiers, wann Dir späichert, eng separat Ännerung ugewise gëtt.
Dat ass näischt, wouriwwer ee sech ze vill Gedanke maache sollt, mee et ass eng gutt Gewunnecht, wann Dir Feeler an Ärer Aarbecht z'evitéieren, andeems Dir virum Späicheren d'Virschau benotzt, amplaz fir d'éischt ze späicheren an duerno mussen eng zousätzlech Ännerung ze maachen, just fir eng klenger Korrektur ze maachen.
Ännerunge weisen
Eng aner Méiglechkeet ass de Knäppchen Ännerunge weisen, mat deem Dir Iech den Ënnerscheed tëscht der aktueller an der geännerter Versioun uweise loosse kënnt.
Protegéiert Säiten
Säiten, déi protegéiert sinn, kënne vu kengem geännert ginn, ausser vu Benotzer, déi zu enger bestëmmter Grupp gehéieren. Op protegéierte Säite gëtt „Quelltext weisen“ amplaz „Änneren“ ugewisen. An deem Fall, wann Dir eng protegéiert Säit ännere wëllt, musst Dir e Benotzer kontaktéieren, dee berechtegt ass fir d'Säit z'änneren. D'Standardprotektiounsniveaue sinn déi follgend:
- Keen (all Benotzer zouloossen)
- Automatesch confirméiert (Ännerunge vun neien an net ugemellte Benotzer verhënneren)
- Administrateur (Ännerunge vun alle Benotzer ausser Administrateure verhënneren)
Aner Méiglechkeete fir Ännerungen ze maachen
Mat Wiki-Ännerunge kënnt Dir eng nei Säit ufänken, eng Säit réckelen (oder ëmbenennen) a souguer eng Säit läschen:
Denkt drun datt Dir ëmmer probéiere sollt den allgemengen Inhalt mat Ären Ännerungen ze verbesseren.
Diskussioun
All Artikel huet seng eegen "Diskussiouns-Säit", wou Dir Froe stellen, Virschléi maachen oder Verbesserungen diskutéiere kënnt. Kuckt Hëllef:Diskussiounssäiten.